Neien Trainerstaff beim UNK
12 June 2018
Den U.N. Käerjeng '97 ass frou Iech haut matdeelen ze kënnen, dass den neien Trainerstaff fir d'Saison 2018-2019 bekannt ass.
Den Trainer fir déi nei Saison ass de Roland SCHAACK.
No senger Carrière als Spiller bei der Jeunesse Esch a Rëmeleng huet de Rol 4 Joer als Trainer vun der U21 a Co-Trainer vun der A-Nationaléquipe bei der FLF geschafft. No senger Statioun zu Déifferdeng war de Rol während 5 Saisonen Trainer beim UNK. No weidere Statiounen zu Gréiwemaacher a Stroossen, huet de Rol sech lo bereed erklärt fir bei den UNK zeréckzekommen.
Assistéiert gëtt hee vum Andrzej JANKOWSKI, mat deem heen och schonn zu Gréiwemaacher zesummegeschafft huet. Den Andrzej huet als Spiller zu Lëtzebuerg fir Schieren an Ierpeldeng gespillt.
Fir eis Keeperen bleift och an der nächster Saison de Claude HERRIG zoustänneg.
#vamosunk