Nico Ralinger Kandidat fir een Posten am CA vun der FLF...


08 October 2016

Am Virfeld vum nationalen Kongress vun der FLF den 22. Oktober deele mir mat, dass de Nico Ralinger an d’Course fir e Posten am Conseil d’Administration vun der FLF geet.



Während ville Joren huet den Nico Ralinger virun allem am Jugendberäich als Trainer, Koordinator an och als President vun der Jugendkommissioun entscheedend un der Entwécklung vun der Jugendaarbecht an der Ausbildung vu Jugendspiller beim UN Käerjeng’97 matgewierkt.

Och haut ass den Nico Member vun eisem Comité zu Käerjeng.



Mir wënschen him „Bonne Chance“ fir D'Wahlen den 22. Oktober a maachen den Opruff un d‘Veräiner, hien mat hire Stëmmen ze ënnerstëtzen.