Noah Scheidweiler - 1. Kontrakt


03 May 2022

Den U.N. Käerjeng '97 kann iech haut matdeelen, dass den Noah Scheidweiler säin 1. Kontrakt beim UNK ënnerschriwwen huet, dëst fir déi nächst 2 Saisonen.
 
Mat senge 17 Joer huet den Noah an de leschte Woche bewisen, dass him eng bléiend Zukunft als Goalkeeper bevirsteet a mär si frou an houfreg dass den Noah sech entscheed huet säi Wee mat eis zesummen ze goen!
 
#vamosnoah
#vamosunk