Noé Ewert bis 2026


10 March 2023

Den UNK a seng Direction sportive si frou iech haut matdeelen ze kënnen, dass och den Noé Ewert säi Kontrakt ëm 3 weider Saisonen, bis 2026 verlängert huet!
 
Ofgesi vu sengem Ofstiecher bei den F91 Diddeleng vun 2019 bis 2021, ass den Noé zënter 2004 am UNK!
 
Als Jugendspiller huet den Noé mam UNK d'Coupe des Cadets an d'Coupe du Prince gewonnen. 2014 huet heen am Alter vun nëmme 17 Joer de Sprong an d'1. Ekipp gepackt wou heen an der 1. Saison direkt op 25 Asäz koum. Bis haut stung den Noé an 145 Matcher fir den UNK um Terrain an dobäi ass him souguer 1 Gol gegléckt!
 
#vamosunk