Nohuelmatch BGL Ligue UNK-Etzella


04 April 2023

Dëse Mëttwoch empfänkt den UNK d'Ekipp vun der Etzella Ettelbréck. Dësen Nohuelmatch vum 22. Spilldag ass moar den Owend den eenzege Match an der BGL Ligue.
 
Nëtzlech Infos:
- Entrée just duerch d'Haaptkeess (ab 18h45)
- benotzt am beschten de Parking Op Acker, Parking Cactus, Parking Schuman oder Parking du Centre (bei Falschparken um a ronderëm den Dribbel ass en Ticket iech quasi garantéiert)
 
Bis moar um Dribbel!
 
#vamosunk