Rëmeleng - UNK


30 March 2018

Haut den Owend kënnt et an der Éierepromotioun zum absolute Spëtzematch wann den Tabellenéischte Rëmeleng op den Tabellenzweeten U.N. Käerjeng '97 trëfft.

Ettelbréck huet gëschter scho gewonnen, sou dass si lo provisoresch d'Tabellespëtzt fir een Dag iwwerholl hunn. Deemno wäert de Gewënner vun haut den Owend den neie Leader sinn, während de Verléierer op déi 3. Plaz, Synonym vu Barragist, wäert ofrutschen.

Eis Équipe ass also gewarnt an et gëllt de positiven Trend vum Match géint Woltz fortzesetzen!

#vamosunk