Stefan Lopes bis 2026


29 March 2023

Den UNK a seng Direction sportive si frou iech haut matdeelen ze kënnen, dass de Stefan Lopes (24) en definitiven Transfert bei den UNK wäert maachen an en neie Kontrakt fir 3 Saisonen ënnerschriwwen huet!
 
De Stef ass dës Saison vu Stroossen ausgeléint, heen huet awer och an der Jugend schonn d'Foarwe vum UNK gedroen. An der Saison 2015-2016 huet de Stef, mat 17 Joer, 13 Matcher (3 Goler) an der Éierepromotioun fir den UNK gespillt.
 
Dës Saison stung de Stef an 19 Matcher quasi ëmmer iwwer 90' um Terrain, dobäi sinn him bis elo 3 Goler gegléckt.
 
#vamosunk