Training fir eis kleng Kategorien


21 August 2017

Muer, Dënschden den 22/08/2017 fänken dann eis Minimes U13, Poussins U11, Pupilles U9 (Foto) an Bambinis U7 mat hiirer Preparatioun op d'Saison 2017-2018 un.

D'Traininger vun dësen 4 Kategorien fannen alleguer um 17:00 Auer um Käerjenger Dribbel statt (ausser eis Bambinis U7 schon um 15:30 Auer).



Eis Minimes U13 trainéieren ëmmer Méindes, Dënschdes an Donneschdes um 17:00 um neien synth. Terrain.

Eisen neien Trainer-Trio as hei den Marcel SUZZI (Responsabelen Trainer), den Jérôme LEMMER an den Tom WEILAND.



Bei den Poussins U11 ännert näischt, ausser dass Traininger vun 16:30 Auer op 17:00 Auer geréckelt gin sin. Hei sin eis responsabel Trainer den Romain BLASI, Paul FRIEDEN an Steve DUNKEL.



Mat onverännertem Staff gin eis Pupilles an déi nei Saison. Just den Trainings-Terrain huet changéiert, eis U9 trainéiert um 17:00 Auer ab elo um klengen synth. Terrain mam Alex WOLF, Fränk KREMER an Alberto BARBONI.



Eis Bambinis U7 fänken eng hallef Stonn méi spéit un ewéi lescht Saison. Ab 15:30 Auer geet et dann un mam selwechten Trainer-Trio Romain BLASI, Steve DUNKEL an Liza FERREIRA.



PS: Dësen Donneschden 24/08 as een Chantier um Käerjenger Dribbel duerch deen keen waarmt Waasser um ganzen Site as! Deemno sollen Kanner deen Daag doheem duschen.



Mir wënschen all eisen Jugendspiller an och Trainer een gudden Start an déi nei Saison an vill Spaass erem um Käerjenger Dribbel.



#vamosunk