UNK - Fola mat Presentatioun vun den UNK-Jugendekippen


12 October 2022

14h00-14h45: Presentatioun vun alle Jugendekippe vum UNK (eis jonk Spiller géife sech freeë wann der dëse Sonnde bëssen éischter géift kommen)
 
Profitéiert vum Parking vum Supermarché Cactus, d'Entrée iwwert den Terrain synth. Jos Bloes ass op!
 
D'Haaptentrée ass natierlech och op, duerch de KonschtTreff am Käerjenger Treff wäerten d'Parkméiglechkeeten um Dribbel awer ganz rar sinn. Där kënnt op Acker, op der Place Schuman oder um Parking du Centre parken.
 
Mär freeën eis op äre Besuch!
 
#vamosunk