Weekend bei der Jugend...


15 December 2014

Lalux Futsal



Minimes , den Samschdeg den Moien zu Kayl kommen ons Minimes op déi 3ten Plaz bei 6 Équipen an mussen elo an den repêchage.



Scolaires , de Sonndeg de Moien zu Esch Lalleng kommen ons Scolaires op déi 2ten Plaz bei 6 Équipen an sinn domadder direkt fir den 2ten Tour qualifizéiert.



Coupe des Cadets



UNK – Fola Esch , 3-2



Coupe du Prince Juniors



Union 05 Kayl/Tétange – UNK , 1-8



Domadder sinn all ons Jugendéquipen , Poussins, Minimes , Scolaires , Cadets an Juniors weiderhin an deene verschiddene Coupen qualifizéiert , mir gratuléieren all onsen Spiller an Traineren fir dës eemoleg Leeschtung an freeën ons op den nächsten Tour.



Mir profitéiere vun der Geleeënheet fir jidderengem flott Feierdeeg ze wënschen, an hoffe jiddereen dann erëm um Club Cup den 3ten an 4ten Januar gesond an monter zeréck ze gesinn , mir soen allen Traineren , Elteren , Comitésmemberen , Supporteren an Sponsoren Merci fir déi Aarbecht an Ënnerstëtzung déi se der Jugend ginn.