Wann een aleng déi international Ekippe kuckt, déi eis dëst Joer hir Zouso ginn hunn, kënnt Der Iech eis Enttäuschung virstellen. Sécherlech sinn och all déi jonk Spiller enttäuscht, de Jugend-Cup ass en Evenement op dat si sech e ganzt Joer laang freeën a vun deem si dono nach jorelaang zielen!
Leider ass et an der momentaner Situatioun awer net méiglech en Tournoi vun där Envergure z'organiséieren an d'Garantie ze ginn, dass all déi néideg sanitär Virgabe kënnen agehale ginn. An d'Gesondheet vun eise jonke Spiller, den Trainer, den Elteren an Zuschauer, vum Staff geet ëmmer vir!